
De Fernseestar ass de Moment d’Gesiicht vun der CBS-Show an hat schonn e Kontrakt vun iwwer 4,6 Millioune Pond ënnerschriwwen, deen d’nächst Joer ausleeft. D’Cheffe vu CBS wëllen hien awer nach méi laang halen an hunn dofir 8,2 Milliounen Euro gebueden, fir dass seng Show nach 2 Joer méi laang leeft.
En Insider huet verroden, de Sender wier komplett verléift an de Corden. Si wiere begeeschtert vu senger Aarbecht a senger Envergure.
Den James Corden hat d’lescht Joer ugedeit, dass hie säin Job wéilt opginn an nees zeréck wéilt a Groussbritannien plënneren. Hie géif et vermësse bei sech ze sinn an och d’Mënschen doheem.
CBS huet allerdéngs decidéiert, de Corden an den USA ze behalen. Wéi d’Decisioun ausgefall ass, ass nach net gewosst.