Den Defilé vum Moudekonzern Chanel ass schonn zanter Joren deen, op deen d’Leit op der Paräisser Fashion Week am meeschte gespaant sinn. Opwänneg an effektvoll Dekore sinn d’Markenzeeche vun hire Showen. Chanel huet dofir de Grand Palais schonn an e Strand, e Supermarché oder souguer eng Rakéitestartplaz ëmgebaut.
Dëst Joer versprécht d’Show, déi en Dënschdeg d’Fashion Week zu Paräis zoumécht, erëm extravagant ze ginn. Besonnesch, well dem Karl Lagerfeld seng leschte Kollektioun gewise gëtt, déi de Moudenzar entworf huet, ier en den 19. Februar am Alter vu 85 Joer gestuerwen ass.