"Ouni Team si mir näischt"Chef offréiert all Mataarbechter 50.000 Dollar fir Chrëschtdag

RTL Lëtzebuerg
198 Salariéë konnte sech schonn 2 Woche virun Hellegowend iwwert e ganz spezielle Kaddo freeën...
VIDEO: Bonus an Héicht vun 10 Milliounen Euro
Chaque salarié a reçu 50.000 Dollar.

Dëse koum awer net vum Chrëschtkëndchen, mä vum Chef héchstperséinlech. 198 Mataarbechter vun enger Firma zu Baltimore am US-Bundesstaat Maryland kruten eng Zomm an Héicht vu 50.000 Dollar (ronn 45.000 Euro) op de Kapp iwwerwisen. E Geste, dee fir vill Tréinen, Gejäiz a Freed gesuergt huet.

“Ech steieren zwar d’Boot, ma meng Mataarbechter sinn awer déijéineg, déi et um Lafen halen”, sou den Entrepreneur Edward St. John. “Ouni Team si mir näischt”, jidderee wier wichteg a senger Entreprise, dofir hätten déi ronn 200 Persounen de Bonus méi wéi verdéngt.

Back to Top
CIM LOGO