Advent, Advent...Chrëschtmäert zu Lëtzebuerg: Wou a wéini...

RTL Lëtzebuerg
Sou lues fänkt et u méi kal ze ginn dobaussen an iwwerall gëtt een un d'Feierdeeg erënnert. Zäit deemno, datt och d'Chrëschtmäert hir Dieren opmaachen.
© RTL Archivbild

Hëlze Chaleten, faarweg Luuchten, de Geroch vu waarme Käschten, gebrannte Nëss a Glühwäin, do kënnt dach esou richteg Chrëschtdagsstëmmung op.

Den éischte Chrëschtmaart, deen de 15. November offiziell lancéiert gouf, ass deen zu Esch, ma Enn November, zéie queesch duerch d’Land nach aner Mäert no.

Wou se sinn a wéini se opmaachen - mir hunn et fir iech nogesicht

Ee vun den alleréischte Chrëschtmäert hei am Land ass deen zu Esch. Dëst Joer ass et schonn déi 7. Editioun, organiséiert vum Syndicat d’Initiative et de Tourisme vun Esch. Vum 15. November bis den 22. Dezember ass den “Escher Krëschtmoart” all Dag tëscht 12 an 20 Auer op.

De Programm vum
De Programm vum

Am Kader vun hirem Programm “Winterlights” ass de Stater Chrëschtmaart dëst Joer vum 21. November bis den 24. Dezember op. Op 6 verschidde Plaze fënnt een 124 Chaleten, eng Schlittschongpist a 5 weider Attraktioune fir Grouss a Kleng. Donieft sinn iwwer 100 Animatiounen a Concerten geplangt.

PDF: De Winterlights-Programm 2019

Back to Top
CIM LOGO