
Dës Lescht huet den US-amerikanesche Rapper beim Fast Company Innovation Festival op en Neits matgedeelt, dass hie fir d’Presidentschaftswalen 2024 kandidéiere wëll.
Eng aner Ukënnegung, déi fir Gespréichsstoff an de sozialen Netzwierker gesuergt huet, ass säin neien Numm. “Christian Genius Billionaire Kanye West” wëll hien an Zukunft heeschen, och wann et just temporaire soll sinn. Ob dësen Numm him Gléck bréngt, fir 2024 am Walkampf unzetrieden? Dat wäert sech nach erausstellen...