
An engem Interview mam Piers Morgan, dee ronn eng Stonn gedauert huet, war och rieds iwwert dem Ronaldo seng Famill.
De Morgan huet dem Futtballspiller e Video vu sengem verstuerwene Papp gewisen, an deem hie seet, wéi stolz hien op säi Jong wier. No dësem emotionale Moment konnt sech de Weltstar net méi zeréckhalen.
Et géing hien traureg maachen, datt säi Papp net méi matkritt hätt, wat aus sengem Bouf gi wier.
2005 ass de Jose Dinis Aveiro am Alter vun 52 Joer u Liewerversoe gestuerwen. Hien huet de gréissten Deel vun der Futtball-Karriär vu sengem Jong verpasst.