Live! Planet PeopleChristophe Wagner, Anian Schreiber an Tayo Delgado

Olivier Catani
Am Live! Planet People geet et e Freideg ëm d'Lëtzebuerger Filmbranche, Schockela a Musek.
Live! Planet People
Am Live! Planet People geet et e Freideg ëm d’Lëtzebuerger Filmbranche, Schockela a Musek.

De Christophe Wagner ass eppes wéi den Hitchcock vu Lëtzebuerg an huet vill Neies iwwer de “Capitani”. 2011 huet hie säin éischte grousse Film “Doudege Wénkel” zu Lëtzebuerg realiséiert. An du goung et Schlag op Schlag. Och dem Regisseur säin zweete Film “Eng Nei Zäit” war beim Public an de Kritiker gläichermoossen e Succès, a mam Capitani huet den Déifferdenger Regisseur definitiv Lëtzebuerg begeeschtert. Zanter dem 11. Februar kann een d’Serie och op Netflix gesinn an am Mäerz fänken d’Dréiaarbechte fir déi zweet Staffel un.

Den Anian Schreiber schafft an der Schwäiz a wëll de Schockela revolutionéieren. Fir den Däitsche gëtt 2021 d’Joer vun der Kakaofruucht. De Kakaofruuchtpolver soll de Schockela séissen, an dovunner kënnen och d’Aarbechter op de Plantagë profitéieren, vun deene 75% a Westafrika liewen. Ghana ass den zweetgréisste Kakaoproduzent a mat Hëllef vun dem Kakaofruuchtfleesch geet d’Akommes vun de Baueren op der Plaz ëm bis zu 30% erop.

Den Tayo Delgado huet Musek am Blutt a säi Saxophon spillt d’Haaptroll am neie Video. Mat 2 Joer koum hie vum Cap Vert op Lëtzebuerg an ass zu Bieles opgewuess. Schonn ëmmer huet hie sech fir Musek begeeschtert, mat 9 Joer war hien zu Péiteng an der Museksschoul an huet an der Bielesser Musek gespillt. Mat 13 ass hie seng eegen Weeër gaangen an huet verschidde Museksgenren ausprobéiert, a mat sengem éischten Video wëll hie 4 Minutte Freed maachen.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.

Back to Top
CIM LOGO