
De Christopher Chapman huet 3 Joer a Japan Schoul gehalen a schafft elo nees zu Lëtzebuerg als Engleschproff. D’Land huet hien nach gutt an Erënnerung wéinst senger aussergewéinlecher Kultur an de laangen Traditiounen. Ënnert dem Léierpersonal hätt ee vill zesummegeschafft. Erfarungen, déi nach haut a seng Aarbecht fléissen.
De Pierre Weimerskirch huet mam Christopher Chapman iwwer seng Zäit a Japan geschwat.
Nodeems um Dënschdeg de japanesche Keeser Akihito zréckgetrueden ass, gouf um Mëttwochmuere säi Fils de Naruhito bei enger feierlecher Zeremonie zum neie Keeser vu Japan genannt.
De japanesche Keeser gëllt als Symbol vum Staat an der Eenheet vum japanesche Vollek, hie ka keng politesch Entscheedungen treffen. Den Naruhito ass um Mëttwoch als 126. Keeser op den Troun komm. A Japan huet d’Reiwa-Ära ugefaangen, déi vun der schéiner Harmonie. Den 22. Oktober ass eng grouss ëffentlech Zeremonie, un där international Staatsgäscht Deel huelen.