Dorënner och zwee Kleedergeschäfter zu Ettelbréck, déi mir besicht hunn. Et muss sech un eng nei Normalitéit gewinnt ginn, zu där Masken an Desinfektiounsmëttel fest dozou gehéieren. Et wier wichteg, de Clienten e Sécherheetsgefill ze vermëttelen. Dofir géif een och just 1 Persoun pro 20 Meter Carré eraloossen.
Vill Geschäftsleit hu wärend der laanger Fermeture vun de Butteker op den Online-Verkaf gesat, mat deem een awer net un den Ëmsaz vu virum Confinement erukomm wier an d’Zäite wieren och weider onsécher. Haaptsaach et kéint ee lo mol nees Clienten am Buttek empfänken. Fir d’Reouverture vun de Geschäfter gouf sech och bis e Sonndeg nach an de groussen Akafszentere speziell organiséiert.
Plakater erënneren d’Clienten och frëndlech un den obligatoresche Mondschutz. Ofgesi vum Wee fir an de Supermarché, kënnen d’Leit sech fräi an der Galerie beweegen, mä sollen déi néideg Distanz halen a bei de Butteker gouf elo jeeweils eng Entrée an eng Sortie en place gesat. Wéi mat de Wueren a mam Umoosse vu Kleeder verfuer gëtt, ass de Geschäftsleit iwwerlooss. Offiziell Reegelen, wéi ee sech elo genee als Commerçant ze verhalen huet, goufen et vun der Regierung jo net.
