ËmfroConfinement Schlecht fir d'Linn? A Japan huet 1/3 vun de Befroten zougeholl

RTL Lëtzebuerg
Méi Iessen, manner Beweegung. De Confinement huet a Japan dofir gesuergt, datt vill Leit e puer Kilo méi op d'Wo bruecht hunn.

Ronn een Drëttel vun de Leit, déi bei der Online-Ëmfro matgemaach hunn, hunn uginn, datt si wärend dem Confinement e puer Pond bäigeholl hunn.

600 Leit am Alter tëscht 20 an 49 Joer Joer hunn dobäi matgemaach, ma grad d’Fraen huet et do méi uerg getraff. 42,7 Prozent vun hinnen hunn e puer “Corona-Kilo” zougeluecht. Bei den Häre waren et “just” 30,4 Prozent. Wat d’Kiloe ugeet, do huet et d’Fraen net esou uerg getraff. Si hunn an der Moyenne 2,6 Kilo zougeholl, d’Männer dofir awer 3,3 Kilo.

Back to Top
CIM LOGO