Neie viralen HitCorona-Barbie a Lockdown-Ken

RTL Lëtzebuerg
Onraséiert, verfroossen, iwwerfuerdert: eng nei Serie Poppe weist, wéi d'Barbie an de Ken d'Corona-Pandemie erliewen.

Am 21. Joerhonnert muss eng Barbie net méi onbedéngt laang platin-blond Hoer oder en onnatierlech dënne Kierperbau hunn. D’Entreprise “Mattel” huet virun enger Zäit eng Serie Poppen erausbruecht, déi der gesellschaftlecher Realitéit entsprieche soll. Dës hunn entweder e puer Kilo ze vill op den Hëften, eng Glatz oder eng Prothees an och de Ken entsprécht net méi dem Klischee vum attraktive “Sunny boy”, mä huet neierdéngs eng Wäschmaschinn a këmmert sech ëm de Stot.

Fir méi Diversitéit a puncto Spillsaache setzt sech och d’Tonya Ruiz an. Dat fréiert Model huet e puer reell Adaptatioune vun der weltberüümter Barbie-Popp kreéiert, déi den Alldag vun der Corona-Pandemie sollen erëmspigelen.

Ugefaange mam sougenannte Quarantän “Starter Pack” vun der Stay Home Curvy Doll: Joggingsbox, Toilettëpabeier, Kräizwuerträtsel, Whiskey a vill ongesond Snacken, duerch déi se am Lockdown u Gewiicht zougeholl huet. Isolatioun doheem, wéi Millioune Leit weltwäit se an de Méint Mäerz an Abrëll erlieft hunn. Wéi gutt, dass Elastan am 20. Joerhonnert erfonnt gouf!

© Barbie Gets Real / Facebook

Passend dobäi gëtt et och d’Quarantine Binge Watching Barbie. E Must-have fir all Potterheads. Accessoirë sinn hei eng Tëlee mam éischten Harry-Potter-Film, e Këssen an eng Kuscheldecken. Popcorn a vill aner séiss a salzeg Schneekegkeeten dierfen natierlech net feelen.

© Barbie Gets Real / Facebook

Apropos Iessen: vill Leit, déi 24 Stonnen den Dag doheem agespaart waren, hu wärend der Quarantän d’Baken oder d’Kache fir sech entdeckt. Dass ee gär mol mat Miel an Zocker sabbelt an d’Hoer engem zu Bierg stinn, wann den éischte Versuch engem net geléngt, weist d’Quarantine Bread Baking Barbie.

© Barbie Gets Real / Facebook

Aner beléifte Fräizäitbeschäftegunge wärend dem Lockdown ware Puzzelen, Strécken, Heekelen a Musek. Einfach emol nees Zäit fir sech a seng Hobbyen huelen a vum stressegen Alldag ofschalten - eng vun de positive Säite vun der Corona-Kris, wéi d’New Hobby Edition weist.

© Barbie Gets Real / Facebook

Esou produktiv war ee wärend der “Self isolation” awer net ëmmer. Do koum et héchstwarscheinlech net just 1 Mol vir, dass een d’Hoer um ganze Kierper wuesse gelooss huet. Ob Uni-Brow oder Kaktus-Been: den éischte Besuch bei der Estheticienne oder dem Coiffer war nom Confinement sécherlech e Genoss! Dëse Styling steet der Quarantine Barbie - Home Salon Edition nach bevir.

© Barbie Gets Real / Facebook

Och d’What Day Is It? Edition weist, dass ee sech Doheem gäre goe gelooss huet. De Pyjama an den Jogging sinn zu de Liblingskleedungsstécker ginn.

© Barbie Gets Real / Facebook

Op den ustrengende Virgang vum Ofschminke gouf och verzicht. D’Panda-Ae wärend der Quarantän gehéieren zesumme wéi d’Fauscht op d’A, beweist d’What Time Is It? Edition.

© Barbie Gets Real / Facebook

Ma och d’Männer komme beim Tonya Ruiz senge Corona-Kreatiounen net ze kuerz. No e puer Méint Confinement sinn déi eng Koppele sech méi no komm, bei aneren ass aus der Corona-Kris eng Bezéiungskris ginn. Diskussiounsthema Nummer 1 war meeschtens de Stot, respektiv d’Verdeelung vun den Aufgaben. Esou eng Lëscht gëtt et am Set vun der Quarantine Quarreling Couple.

© Barbie Gets Real / Facebook

Doheem gouf net just fläisseg am Stot geschafft, mä och Home Office, Homeschooling a Babysitting gläichzäiteg bedriwwen. Dass dëst net just Mamme betraff huet, mä vill Papp dru gleewe missten, verkierpert d’Figur vum Zoom Ken.

© Barbie Gets Real / Facebook

Als Pandemie-Helde bezeechent d’Tonya Ruiz d’Personal aus dem Gesondheetssecteur an dem Service Hygiène. Dag an Nuecht gouf de Virus bekämpft an dofir gesuergt, dass de System weiderhi funktionéiert. En Hommage un all déijéineg, déi wärend der Kris stänneg engem Risiko ausgesat waren, fir dass et deenen anere Bierger gutt geet.

An domat net genuch: weider Corona-Poppe sollen deemnächst erschéngen. Wéi eng Aspekter aus der Pandemie dës Kéier ervirgehuewe ginn, ass nach net gewosst. Méiglecherweis eng Hamsterkeef-Editioun mat engem Akafsweenche voller Toilettëpabeier?

Back to Top
CIM LOGO