
E Mëttwoch huet déi däitsch Tëleeschaîne RTL annoncéiert, dass si de Box-Match am PSD Bank Dome zu Düsseldorf live iwwerdroe wäert.
Wéi d’Regina Halmich sot, wier et fantastesch, dass RTL de Kampf iwwerdroe géif. De Stefan Raab wéisst, wéi een d’Leit ënnerhält. Wann hien eppes upake géif, da géif et och en Erfolleg ginn. Déi fréier Boxweltmeeschterin hat déi zwee viregt Matcher am Joer 2001 an 2007 gewonnen.