Et kënnt zu der Revanche tëscht dem Stefan Raab an dem Regina Halmich

© ROLF VENNENBERND / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
No 2001 an 2007 wäerten den däitschen Entertainer an déi fréier Box-Weltmeeschterin eng weider Kéier zesummen an de Ring klammen.
Dat huet der Boxerin hire Management en Dënschdeg géigeniwwer der Bild-Zeitung confirméiert.
Op Karfreideg hat de Stefan Raab e Video op Instagram eropgelueden, an deem hien e Comeback ugedeit hat. Op Ouschterméindeg hat hien dann d'Regina Halmich zu engem drëtte Boxmatch erausgefuerdert. Déi zwee hate schonn 2001 an 2007 géintenee gekämpft. Ugangs waren dem Raab seng Fans nach vun engem Abrëllsgeck ausgaangen.
Ma en Dënschdeg huet d'Boxerin iwwer hir sozial Medie confirméiert, dass et de 14. September zu engem Kampf tëscht hir an dem Raab kënnt.
Déi zwee stounge sech schonn 2001 an 2007 am Box-Ring géigeniwwer. Bei hirem éischte Kampf virun 23 Joer hat d'Regina Halmich dem Stefan Raab esouguer d'Nues gebrach.