D’Danielle Rassel huet elo schonn dat zweet Buch iwwer hire Fils Yves geschriwwen, dee mam Down-Syndrom op d’Welt koum. Als Mamm ass si no drun an huet seng ganz Entwécklung bis haut suivéiert. No “Das Leben kann so normal sein” virun 3 Joer, beschreift si am zweete Band “Das Leben kann so super sein” wéi den Yves erwuesse gëtt. Seng Erfarungen an der Léift, Rock-Concerten a Festivaller, déi éischt Hänken oder d’Reesen als Leeschtungstennisspiller. E ganz grousse Moment fir hire Fils war den Opening vun de Special Olympics World Summer Games 2019 zu Abu Dhabi.


D’Angel Cara sicht d’Ëffentlechkeet. Fir d’éischt als Model bei Dior an elo virum Mikro mat melancholesche Lidder. Scho mat 14 Joer huet si gemodelt, awer sou richteg wuel gefillt huet si sech um Catwalk ni, an huet dofir op hiert zweet Standbee gesat. Well se schonn an der Schoul gären Horrorgeschichte geschriwwen huet, an och mat 6 de Solfège gemaach huet, a Piano an Cello spillt, demarréiert Cara Anna Wagner elo als Sängerin vun hiren eegene Lidder. “Forgiveness” soll just den Ufank vu ville neie Lidder si mat deene mer 2021 nach rechne kënnen.

Den Yves „Deville“ Ditsch ass en Ass op der Batterie. Hien spillt a Gruppe wéi Porn Queen, Carl Wyatt oder den Owend beim Archie Lee Hooker zu Déifferdeng. Hien kann sech entre-temps d’Gruppen eraussichen an deenen hir matspillt, an do ass et och ganz egal ëm wéi e Museksgenre et sech dréit. Op der Bün kann e seng Passioun ausliewen. Hien huet mat sengen 39 Joer villes erlieft, ass vill gereest a freet sech op alles wat nach kënnt. Awer och als Touningenieur huet e sech e gudden Numm gemaach an huet zum Beispill mat der Electro-Band “Yello” zesummegeschafft.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.