E Samschde war am Hotel Parc Plaza an der Stad eng méi lass. Déi bekannten däitsch Castingshow “Das Supertalent” huet fir d’éischte Kéier e Stopp zu Lëtzebuerg gemaach. Bei dësem Vircasting war een op der Sich no Lëtzebuerger Talenter. Als Kandidat konnt ee sech entweder am Viraus umellen oder spontan op der Plaz e Formulaire ausfëllen a säin Talent ënner Beweis stellen.
Ob Sangen, Danzen, en Instrument spillen oder nach ganz aner, verréckt Talenter - alles war dobäi. 20 Castingdeeg an 19 verschidde Stied si virgesinn, dorënner och an der Schwäiz an an Éisträich.
Déi prominent Jury war allerdéngs net op der Plaz. Eréischt wann een hei e “Jo” kritt an an déi nächst Ronn kënnt, huet een eng Chance op de Jurycasting, wou een ënnert anerem op den Dieter Bohlen a Bruce Darnell stéisst.
