Corona-Editioun vun "Am Stall" am ReplayDat grousst Party-Event fir bei iech doheem!

RTL Lëtzebuerg
Wien de Livestream verpasst huet, dee kann vun elo un de komplette Video am Replay op RTL.lu kucken.

D’Organisateure vum Stall hu sech vun der Corona-Kris net ënnerkréie gelooss. 120 Minutte Malle-Feeling, 120 Minutte gutt Stëmmung, 120 Minutte Vollgas - an dat an den eegene 4 Wänn. Dat war de Motto vun der Corona-Editioun vun “Am Stall 2020".

Een eemolegt Live-Event, dat een op kee Fall duerft verpassen a wann dach, kann een sech de Video nach eemol vun elo un ukucken! Ze gesinn waren d’Optrëtter vu Stëmmungskanoune wéi dem Mickie Krause, Ikke Hüftgold, Lorenz Büffel oder Hoffi-Zambezi.

Feiert och Dir mat a schéckt Är Liblingsfoto aus dem Stall oder wärend der Corona-Party bei Iech Doheem via Mail op foto@amstall.lu eran.

Doheem bleiwe muss net onbedéngt langweileg sinn. Mir bréngen d’Stëmmung bei Iech heem!

Fotogalerie: “Am Stall” 2019

Corona-Editioun vun "Am Stall"
E Message vum Hoffi
Corona-Editioun vun "Am Stall" 2
Mia Julia
Corona-Editioun vun "Am Stall" 3
Honk
Corona-Editioun vun "Am Stall" 4
Tim Toupet
Corona-Editioun vun "Am Stall" 5
Isi Glück

Back to Top
CIM LOGO