
Do hunn d’Beamten net schlecht gestaunt, amplaz vun engem Gesiicht, hate si eng Dauf op der Foto. Déi war awer och just an deem Moment laanscht geflunn, wéi de Radar de presséierte Chauffer geblëtzt huet. D’Foto ass domat net valabel als Beweis an der Police si wuel oder iwwel d’Hänn gebonnen.
De Mann ass esou laanscht e Protokoll vun 105 Euro komm.