D’Stad ass am Lockdown. Hotellen, Casinoen an Theatere sinn zougespaart. Dausende vu Leit hunn hiren Job verluer a wëssen net, wéi et fir si soll weidergoen.
Och d’Kënschtler hei sinn an enger schwiereger Situatioun, well se den Ament keng Optrëtter hunn a keen weess, wéi et weidergeet.
Mir hunn eis mam David Goldrake iwwer d’Situatioun zu Las Vegas ënnerhalen an och iwwert den Doud vu sengem Magier-Kolleeg Roy Horn, deen de Weekend un de Suitte vum Covid-19-Virus gestuerwen ass.
