Live! Planet PeopleDavid Moos, Bibi Wintersdorf a Sébastien Cayotte

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend am Live! Planet People waren den David Moos, d'Bibi Wintersdorf an de Sébastien Cayotte eis Invitéen.
VIDEO: Live! Planet People
Den Talkmagazin um Freidegowend, e flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.

Dem David Moos seng Passioun ass dauchen. Bei engem Tëschefall um Stau konnt hien als Rettungsdaucher engem jonken Tourist säi Liewe retten.

D’Bibi Wintersdorf ass bekannt duerch hir Stëmm. An der lescht huet si sech awer verstäerkt un d’Schreiwe ginn. No der Serie mat Bicher iwwer Lëtzebuerg an dem Magazin Kachen, geet et elo ëm d’Reesen.

De Sébastien Cayotte fiert e Samschdeg op Roum. Awer net mam Zuch oder Fliger, mee mam Vel’oh, a sammelt op dës Manéier Sue fir d’Fondatioun Kriibskrank Kanner.

Back to Top
CIM LOGO