
D’Baguette gehéiert zu Frankräich wéi de roude Wäin, de Camembert an de Berri. Elo gouf d’Kandidatur agereecht, fir dat laangt Stéck Brout als immateriellt Kulturierwen androen ze loossen. Dat huet de franséische Kulturministère e Freideg wësse gedoen.
“Si cette candidature nationale était couronnée de succès devant l’Unesco, l’inscription de cet élément permettra de faire prendre conscience qu’une pratique alimentaire faisant partie du quotidien, partagée par le plus grand nombre et allant de soi, constitue un patrimoine à part entière”, sot d’Kulturministesch Roselyne Bachelot an engem Communiqué.
Am Schreiwes gouf och drun erënnert, dass d’Zuel u Bäckereien nach ëmmer erof geet, dëst virun allem an de ländleche Gemengen. “1970 goufen et nach 55.000 artisanal Bäckereien, haut sinn et der just nach 35.000. Baguettë ginn ëmmer méi dacks industriell hiergestallt”, heescht et.
D’Entscheedung dierft allerdéngs net virun Hierscht 2022 falen. Bei der Unesco si ronn 100 Dossieren aus der ganzer Welt agaangen, déi fir de Label “immateriellt Kulturierwen” a Fro kommen. Dës musse lo all genau analyséiert ginn.