3. Mäerz 1959D'Barbie feiert dëst Joer hir 60 Joer
Blond, berühmt, beléift a mat geschwë 60 Joer net eng kleng Fal: Déi wuel bekanntste Popp feiert dëst Joer e ronne Gebuertsdag.
D’Barbie ass wuel déi berühmtste Popp op der ganzer Welt. Iwwert si ginn et Geschichten, Filmer a souguer Poppe vu ville bekannte Perséinlechkeeten. An och no geschwënn 60 Joer, kommen nach all Joer nei Poppen op de Maart, mëttlerweil souguer mat Kappduch, mat ënnerschiddleche Kierperformen, mat verschiddener Hautfaarf an och verschiddene Beruffer. Domat wëll Mattel virun allem dem Klischee vun engem onrealistesche Schéinheetsideal aus de Féiss goen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
E puer Fakten iwwer d’Barbie:
- Hire richtege Numm ass Barbara Millicent Roberts.
- Hire Gebuertsdag ass den 9. Mäerz 1959, um éischten Dag vun der Spillsaache-Foire zu New York.
- Dat éischten Déier war e Päerd mam Numm “Dancer”.
- 1968 gouf eng éischt schwaarz Popp, der Barbie hir Frëndin “Christie”. Déi éischt original schwaarz Barbie gouf et 1980.
- D’Barbie huet 3 Schwësteren: Skipper (1964), Stacie (1992) a Kelly (1995).
- De Ken war hiren éischte Frënd. Déi männlech Barbie-Popp koum 1961 eraus.
- Op Valentinsdag 2004 hu sech d’Barbie an de Ken no iwwer 43 Joer getrennt. De grond: De Srufer mam Numm “Blaine”
- No 7 Joer an nees op Valentinsdag (2011), hat d’Barbie-Koppel hire Comeback zesummen.
- All 3 Sekonne gëtt iergendwou op der Welt eng Barbie verkaf.
- Um Weltfraendag, den 8. Mäerz 2018, koum eng besonnesch Kollektioun eraus: D’Fluch-Pionéierin Amelia Earhart, d’Molerin Frida Kahlo an d’Mathematikerin Katherine Johnson.