
Aus dësem Grond huet Belgaprom, de Verband vun de belsche Grompere-Produzenten, elo en Opruff un all d’Belsch gemaach:
Et geet drëms, fir wärend der Kris eng Portioun Fritten d’Woch méi z’iessen, fir datt déi iwwerschësseg Wuer net muss ewechgeheit ginn.
Géintiwwer CNN huet de Romain Cools, Belgaprom-Chef, gesot, datt ee wärend dem Stëllstand vun der Ekonomie de Landwirten esou ënnert d’Äerm gräife kann. An der Moyenne géifen d’Belsch eemol d’Woch Fritten iessen, héichgerechent missten deementspriechend 750.000 Tonne Gromperen entsuergt ginn.
