
Et huet ee jo scho mol Geschichten iwwert Jesus-Biller op Dicher oder Toasten héieren, ma dass elo ähnlech Erscheinungen och op Kierperdeeler vun de Royals opdauchen, ass dann dach nei.
Wéi d’Boulevard-Zeitung “The Sun” en Donneschdeg schreift, hätten si d’Gesiicht vum klenge Prinzessin Charlotte um Knéi vum Meghan Markle entdeckt.
D’Fra vum Prënz Harry war op engem Benefice-Event fir Déieren, wéi d’Knéi vun der “Duchess of Sussex” fotograféiert gouf.
D’Sun interpretéiert dat ganzt da ganz kloer als en Zeechen, dass d’Kanner vum William a vum Kate dem Maeghan Markle vill bedeiten. Wann ee ganz staark un eppes gleeft, gesäit ee wuel sou Munches.