
E Geriicht am nordfranséischen Arras huet déi 86 Joer al Brigitte Bardot en Dënschdeg wéinst Beleidegung schëlleg geschwat. De franséische Juegdverband hat déi fréier Sex-Ikon verklot a sech “ganz zefridden” mam Urteel gewisen.
D’Ex-Actrice muss donieft en Exposé, dee si 2019 verëffentlecht hat, vun der Websäit vun hirer Déierschutzstëftung erofhuelen. Doran hat si Jeeër als “nidderträchteg, feig Ënnermënschen” an “Terroriste vun der Déierewelt” bezeechent. De franséische Juegdverbandchef Willy Schraen huet d’Brigitte Bardot e “krasst Beispill” dofir genannt.
De Juegdverband huet dowéinst eegenen Aussoen no Morddrounge kritt. Nieft der Geldstrof vu 5.000 Euro muss d’Brigitte Bardot 1.000 Euro Entschiedegung un de Willy Schraen bezuelen an och déi 1.000 Euro Geriichtskäschten iwwerhuelen. Op de Prozess war si selwer net komm.
Am Joer 2012 hat d’Franséisin iwwerdeems op sech opmierksam gemaach, well si d’Rietspopulistin Marine Le Pen am Presidentschaftswalkampf ënnerstëtzt hat. Hire Mann, de Bernard d’Ormale, war laang Beroder vun der rietsextreemer Partei Front National.