NordfrankräichD'Brigitte Bardot wëll 3.000 Fiiss virum Erschéisse retten

RTL Lëtzebuerg
Déi franséisch Schauspillerin setzt sech an hirer Fräizäit fir den Déiereschutz an. Dës Kéier wëll si dausende Fiiss en trauregt Schicksal erspueren.
© AFP/Eric Feferberg

Dës Déiere sollen nämlech am Norde vu Frankräich erschoss ginn. Dat wier e Skandal, schreift déi 86 Joer al Film-Ikon an engem oppene Bréif un d’Präfektur zu Beauvais. D’Fiiss géingen nämlech d’Biodiversitéit beräicheren a wiere wichteg fir d’Baueren, sou d’Bardot. Jeeër d’Erlabnis ze ginn, 3.000 Stéck z’erschéissen, wier hirer Meenung no näischt anescht wéi sech der Juegdlobby z’ënnerwerfen. D’Jeeër hätten et op de Fuuss ofgesinn, well dëse gären emol Fasanen oder klengt Wëld klaut a frësst.

Dëst ass net déi éischte Kéier, dass sech d’Bardot fir Déieren engagéiert. Virun e puer Joer hat si zum Beispill eng Anti-Pelz-Campagne lancéiert. Mam provokative Slogan “Ech hunn Déiere gär... wa se dout sinn!” wollt si op dat grausaamt Schicksal vun Déieren opmierksam maachen, déi wéinst hirem Pelz musse stierwen. “D’Leit géinge keen Zesummenhang tëscht dem Pelz an dem liewegen Déier gesinn”, hat d’Sängerin deemools beklot. Hiert Zil war et, mat ronn dausend Plakater ronderëm Paräis an Ëmgéigend Mënschen z’erreechen, déi - bewosst oder onbewosst - Pelzproduiten droen, sech awer als Déierefrënn géinge bezeechen.

Back to Top
CIM LOGO