D'Riichter hunn entscheetD'Britney Spears bleift ënnert der Tutelle vun hirem Papp

RTL Lëtzebuerg
Zanter 12 Joer steet d'US-Popsängerin elo schonn ënner der Tutelle vun hirem Papp, an dat bleift och sou, wéi d'Riichter elo decidéiert hunn.
© AFP/Archives/VALERIE MACON

Och hir ganz emotional Aussoen a schaarf Virwërf géint den Jamie Spears virun enger Woch zu Los Angeles viru Geriicht hunn näischt un der Situatioun geännert. Dat gouf e Mëttwoch entscheet.

D’Britney Spears hat ausgesot, datt hire Papp, seng Tutelle géif mëssbrauchen an hir selwer keng Entscheedungsfräiheet loossen. Si wier “depriméiert” an “traumatiséiert”. Si wéilt einfach just hiert Liewen zréck. D’Geriicht huet dës Aussoen awer net consideréiert.

No enger Rei vun ëffentlechen Zesummebréch a psychesche Problemer vum Ex-Teenie-Star hat den Jamie Spears am Joer 2008 d’Tutelle iwwer seng Duechter kritt a reegelt zanterhier déi rechtlech a finanziell Ugeleeënheeten. Mat Hits wéi “Baby One More Time”, “Oops!... I Did It Again” an “Toxic” war d’Britney Spears Ufank den 2000er Joren déi beschtbezuelte Sängerin vun der Welt.

RTL-Artikel: Britney Spears geet weider géint Tutelle duerch hire Papp vir

Back to Top
CIM LOGO