
Fir alleguerten d’Fans vu Gesellschaftsspiller gëtt Ufank Dezember nees de GameOn organiséiert, dat an der Schungfabrik zu Téiteng.
Hei kann een sech dann iwwer 2 Deeg Briet- a Kaartespiller erkläre loossen an natierlech och spillen. Niewent Brietspiller ginn et och awer och Computerspiller déi een teste kann.
Samschdes Owes steet e Pubquiz um Programm, et gëtt en Escaperoom an en Occasiounsmaart organiséiert.
Et wäerten dann och eng ganz Partie Turnéieren stattfannen, dorënner Dominion, Wizard, Star Realms a Magic the Gathering.
Weider Infoen ginn et op der Facebook-Säit vu GameOn oder um offizielle Site.