Nei Matbewunner ukommDe Beetebuerger Park ass op de Panda komm

RTL Lëtzebuerg
Bleift een um Mäerchewee bei Asien stoen, da kann ee, wann ee Chance huet, déi zwee léif kleng nei Pandae gesinn.

D’Nila an d’Reva schlofe wärend dem Dag nämlech immens gär an immens vill. Dofir ass hir Trainerin, d’Maxime Stalter, grad dobäi hinnen eng Routine bäizebréngen. Sou kréie si zwee Mol den Dag ze iessen, fir dass si och vun hirem Bamhaus erofkommen a sech e bësse weisen. Wat besonnesch un deenen zwee ass, dass se Schwëstere sinn. Si hu grad emol ee Joer a kommen aus Schottland aus engem Zoo.

Rout Pandae stinn ënner Aarteschutz a kommen ursprénglech aus der Himalaya Regioun. Si sinn also kal Wieder gewinnt an hunn deementspriechend och en déckt Fell, wat se awer grad fir de Summer verléieren. Si ernäre sech genee wéi hir Aartgenosse vu Bambus. Hei am Beetebuerger Park kréie se de sougenannte “Panda-Cake”. Dat ass eng Mëschung aus Bambuspolver, Mineralien a Rohfaser.

Back to Top
CIM LOGO