Oh là là...De Bikini kritt en eegene Musée

RTL Lëtzebuerg
Am Fréijoer, dat heescht soubal d'Temperaturen nees klammen, soll en opgoen, den "BikiniArtMuseum". 1200 Stécker sinn dofir gesammelt ginn.
© AFP

Faarweg, frech, witzeg, feministesch a provokativ - dat klengt Stéck Stoff soll grouss Opmierksamkeet kréien, déi Iddi hat den däitschen Entreprener Alexander Ruscheinsky. Hie plangt e Musée fir de Bikini zu Heilbronn, deen am Fréijoer 2020 scho soll seng Dieren opmaachen.

De “BikiniArtMuseum” soll d’Entwécklung vun der Schwamm-Moud weisen. E puer Stécker si souguer iwwer 100 Joer al. Den eelste Bikini erënnert zum Beispill méi un e Pyjama, wéi un dee klengen Zweedeeler.

Op ronn 1.500 Quadratmeter ginn déi 1.200 Ausstellungsstécker presentéiert. Bikinie vu 1880 bis elo. Ma och Konscht ronderëm d’Schwamm-Moud solle gewise ginn, wéi zum Beispill Zeechnunge vum Udo Lindenberg an Otto Waalkes.

Ugefaangen hat alles viru 7 Joer a Brasilien. Deemools war den Alexander Ruscheinsky am Comité vun enger Stëftung fir Kanner aktiv an hat do eng eeler Damm getraff. Si huet verzielt, datt si esou vill Bikinien doheem hätt, si wéilt domat gär e Musée fëllen. Dës Fra soll iwwregens Éieregaascht bei der Ouverture vum Musée sinn.

Dës Iddi huet den Entreprener net méi lass gelooss a viru 5 Joer huet hien ugefaangen de Musée ze plangen.

Vu wou kënnt de Bikini

De Fransous Louis Réeard gëllt als den Erfinder vum Bikini. 1946 gouf den éischten Zweedeeler op enger Miss-Wal presentéiert - deemools e Skandal. Benannt gouf en no engem Pazifik-Atoll, do waren zu där Zäit déi éischt Atomwaffentester.

An der Moud steet de Bikini fir Fortschrëtt, fir méi Haut ze weisen. An deem Kader beliicht de Musée och Emanzipatioun, Feminismus a Sexismus. De Bikini war quasi eng Befreiung fir d’Fra, déi sech dunn net méi huet missen hanner vill Stoff verstoppen.

Back to Top
CIM LOGO