Faszinatioun SneakersDe Business ronderëm beléiften Sports-Schong

RTL Lëtzebuerg
Déi eng doe se gären un, anerer sinn um Sammelen intresséiert an et ginn der souguer, déi domat hiert Geld maachen: Mir schwätze vu Sneakers!
Fazinatioun Sneaker
De Business ronderëm de beléifte Sportschong gëtt ëmmer méi grouss.

Elleng um Drëttmarché gi weltwäit geschaten zwou Milliarden Dollar mat dëse Schong gemaach. Mat enger Tendenz, déi eropgeet. En Trend, deen een och hei zu Lëtzebuerg erkennt. Wien de leschte Weekend an der Stad ënnerwee war konnt sech en eegent Bild dervu maachen.

E ganz exklusive Sneaker-Modell ass dëse Samschdeg nämlech an de Verkaf gaangen. Mir waren derbäi an hunn och zwee Jonker begleet, déi grad mat Sneakers sech e Business Modell opbauen.

Back to Top
CIM LOGO