Upcycling amplaz entsuergenDe Chrëschtbeemche kann een och no de Feierdeeg nach notzen

RTL Lëtzebuerg
Fir vill Leit muss et eben e richtege Beemche sinn a keen aus Plastik. Den Nodeel ass awer, dass dat net immens ökologesch ass.
© AFP Archivbild

An do kënnt dann d’Thema Upcycling an d’Spill, wëll heeschen, dass een de Chrëschtbeemchen och anescht nach weider notze kann. D’Iwwerreschter vum Chrëschtbeemche kënnen nämlech nach verwäert ginn.

An der Kichen

Dännennole kann een och zum wierzen huelen. Den Aroma gëtt ville Platen ee klengen Extragoût. Beim Kache sollt ee se awer lo net einfach mat an d’Kachdëppe geheien oder an der Pan broden, mä se virdrun e puer Deeg dréchne loossen an dono an engem Mörser kleng muelen.

Als Téi kann een déi ganz Neel, souguer mam Bengel nach drun, och nach benotzen. Déi ätheresch Ueleger an Inhaltsstoffer, déi doduerch fräigesat ginn, si besonnesch am Wanter gutt fir eise Kierper. Am beschte sollt een déi kleng Äscht mat den Nolen drun virdrun e bëssen zerdrécken, sou léise sech d’Inhaltsstoffer nach besser am Waasser op.

Am Gaart

Wisou Mulch kafen, wann een en och selwer maache kann. De Stamm an d’Äscht sinn net just am Wanter am Gaart immens nëtzlech, fir kriddeleg Planze viru Frascht ze schützen. Am Fréijoer loosse sech d’Iwwerreschter vum Chrëschtbeemche mat Hëllef vun engem Häckseler zu Mulch verschaffen. A wie keen huet, ka sech bestëmmt bei engem léiwen Noper ee léine goen.

Klengen Tipp: D’Dännenneel kann ee gutt am Geméisgaart gebrauchen, si halen nämlech déi lästeg Schleeken of.

Fir an de Kamäin

Fir gratis Brennholz kann ee och säi Chrëschtbeemchen huelen. Dofir muss een natierlech op e puer Saachen oppassen: D’Holz fir d’éischt kleng schneiden an da muss et nach eng gutt Zäitche dréche gelagert ginn. Ass d’Dännenholz just e bësse fiicht, da gëtt et amplaz e waarmt Feier uerdentlech Damp an der Bud an een extra schwaarze Kamäin.

Fir d’Déieren dobaussen

Wie mat sengem Beemchen absolut näischt unzefänke weess, kann och bei lokalen Déiereparken, Reitställ oder nach beim Fierschter nofroen, ob si e gebrauche kënnen. Grad eis Wëll Déiere wéi Réi hunn d’Äscht vun den Dännebeem immens gär an et ass fir si gläichzäiteg eng gutt Ofwiesslung zum normale Fudder.

Klengen Tipp fir Leit mat Kanéngercher: Och déi kleng Hausdéieren hunn d’Äscht gär, fir drun ze knabberen, besonnesch awer fir hir Zänn ofzewetzen.

Ei dat schmaacht! No de Feierdeeg sti bei den Zoo-Bewunner Chrëschtbeemercher um Menü

Wisou net e Beemchen am Dëppen

Wie Plaz huet a genuch Muskelen an den Äerm, dee kann sech fir dat nächst Joer och einfach e Beemchen am Dëppe kafen oder sech ee bei verschiddene Bamschoulen oder Gäertner hei am Land léinen.

Deen Ament kann ee säi Beemchen entweder aplanzen, gutt versuergen am Dëppen fir deen nächste Chrëschtdag oder en nees zeréckginn.

Back to Top
CIM LOGO