Neien TrendDe "Face Bra" gëtt ëmmer méi beléift

RTL Lëtzebuerg
Ob Masken tatsächlech am Kampf géint de Coronavirus hëllefen, doriwwer si sech Experten nach net eens. Ma elo schonn entstinn nei Trends ëm de Mondschutz.

A Japan sinn et d’Ënnerwäsch-Hiersteller, déi elo hir grouss Chance gesinn, net fir am “private” Beräich, mä bewosst ganz ëffentlech. De Soutien gëtt zu Corona-Zäiten fir ganz aner Zwecker benotzt: als Otemschutzmask. Wat also soss de weiblechen Decolleté a Form hält, bedeckt elo de Mond an d’Nues vun de Fraen, déi et gär méi gewot hunn.

De japanesche Hiersteller “Atsumi” gëllt als Virreider, deen hir Ënnerwäsch-Kollektioun elo fir en aneren Zweck produzéiert. D’Soutienen sinn op alle Fall zanter der Corona-Kris ausverkaaft.

Back to Top
CIM LOGO