Fir Merci ze soenDe Grand-Duc huet op Schlass Bierg invitéiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg goufen déi Leit, déi bei humanitären Hëllefsmissioune matgemaach hunn, op Schlass Bierg op eng Receptioun invitéiert.
© Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

Wéi d’Traditioun et wëll, invitéiert de Staatschef ëmmer kuerz virun de Feierdeeg déi Vertrieder vun der Lëtzebuerger Arméi a Police a säin Doheem, déi sech un humanitären Hëllefsmissioune wärend dem Joer bedeelegt hunn.

Op dësem Wee seet de Grand-Duc hinne Merci fir hiert Engagement.

Receptioun op Schlass Bierg
Virun de Feierdeeg huet de Grand-Duc deene Leit Merci gesot, déi sech humanitär an Hëllefsmissiounen engagéiert hunn.

Den Haff hat jo virun e puer Deeg stëmmungsvoll Fotoe verëffentlecht, déi weisen, dass ee sech op d’Feierdeeg preparéiert huet. D’Receptioun huet an deem Sënn wonnerbar an de Kader gepasst.

RTL NEWS: Och um Haff lafen d’Virbereedunge fir Chrëschtdag

Back to Top
CIM LOGO