2,35 Meter groussDe gréisste Mann an den USA ass gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Am Joer 2010 gouf den Igor Vovkovinskiy offiziell als de gréisste Mann, deen an den USA lieft, deklaréiert. Dësen Titel hat hie bis zu sengem Doud.
© Genevieve Ross / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Wéi US-Medie mellen, ass hien e Méindeg am Alter vun 38 Joer verscheet. Dem Vovkovinskiy seng Mamm huet iwwerdeems op Facebook wësse gedoen, dass hire Bouf e Freideg am Spidol un Häerzproblemer gestuerwe wier.

Den Igor Vovkovinskiy staamt aus der Ukrain a war 2,35 Meter grouss. Ma och wann hie virun 11 Joer vum Guinness-Buch vun de Rekorder den Titel vum gréisste Mann an den USA krut, war hie weltwäit net den Titelverdeedeger. Nach méi grouss ass den Türk Sultan Kösen mat sengen 2,51 Meter. Den US-Amerikaner Robert Wadlow, deen am Joer 1940 mat nëmmen 22 Joer verscheet ass, soll esouguer eng Gréisst vun 2,72 Meter gehat hunn.

De Vovkovinskiy hat iwwert d’US-Grenzen ewech fir Schlagzeile gesuergt, well hie bei enger Walveranstaltung vum Barack Obama en T-Shirt unhat, op deem stoung “Gréissten Obama-Supporter weltwäit”.

© Barry Snyder / AFP

Back to Top
CIM LOGO