Nationale RekordDe gréissten Dräikinnekskuch zu Lëtzebuerg

Christophe Hochard
Fir d'21. Kéier huet d'Bäckerfederatioun de gréisste Kinnekskuch vu Lëtzebuerg presentéiert.
De gréissten Dräikinnekskuch zu Lëtzebuerg
Fir d'21. Kéier huet d’Bäckerfederatioun de gréisste Kinnekskuch vu Lëtzebuerg presentéiert.

Ugangs gouf an d’Veianer Schlass invitéiert, mëttlerweil gëtt dëse Kuch virun der Stater Gare opgeschnidden.

Den Dräikinnekskuch 2020 huet en Duerchmiesser vun 150 Zentimeter a besteet aus 25 Kilo Deeg a ronn 20 Kilo Frangipane, Miel, Botter a Waasser goufe verschafft. No 2 Stonne war de Kuch fäerdeg. Dovunner stoung e 60 Minutten am Uewen.

3 Joer dauert d’Ausbildung als Bäcker. Eng Formatioun, déi am Bouneweger Lycée ugebuede gëtt. Duerno kann een nach d’Meeschterprüfung ofleeën.

Back to Top
CIM LOGO