FOTOGALERIEDe Guy Entringer gewënnt 8.000 Euro no Abandon Georges Engel

RTL Lëtzebuerg
Déi 4. a lescht Editioun vu "Klapp den Engel" konnt de Georges Engel déi Kéier net fir sech entscheeden.

An dëser Show, déi ënnert dem Patronage vun der Zolwer Musek steet, gëtt de Georges Engel, vun engem/enger Kandidat/in erausgefuerdert.

Aus enger Preselektioun vu 4 Leit gëtt de Géigner vum Buergermeeschter vun de Spectateuren erausgewielt. A verschidde Spiller stellt de Kontrahent seng sportlech Ausdauer, seng Geschécklechkeet souwéi och seng gro Zellen ënner Beweis.

Nodeems de Georges Engel net méi konnt weidermaachen no engem Malaise an de Raoul Grün fir hien agesprongen war, konnt um Enn de Guy Entringer dës 4. a lescht Editioun gewannen. Vun den 8.000 Euro géing hien der awer “een décke Batz” fir de gudden Zweck spenden.

Hei de Message vum Buergermeeschter op Facebook um Sonndeg

Hei d’Fotoen vun den aneren Editiounen

FOTOGALERIE: Impressioune vun der 3. EditiounFOTOGALERIE: Fotoe vun der 2. Editioun vum Ant Deister.FOTOGALERIE: Fotoe vun der 1. Editioun vum Val Wagner.

Back to Top
CIM LOGO