Ze groussen OpwandDe Johann Lafer mécht säi Stäre-Restaurant am Hunsrück zou

RTL Lëtzebuerg
Ee vun de bekanntste Käch aus Däitschland wëll nees zeréck bei seng Originnen an dowéinst affert de Johann Lafer säi Restaurant Val d'Or op der Stromburg.
© RTL Archivbild

De Guide Michelin hat de Restaurant 1994 mat engem Stär ausgezeechent, wat jo normalerweis en Usporn ass, fir an där Manéier weiderzefueren. An de leschte Joer huet sech de Johann Lafer awer erëm méi fir déi einfach Kichen intresséiert, virun allem op Reesen ass dem Kach dat Traditionellt méi wichteg virkomm.

De Stärerestaurant gëtt et nëmmen nach bis den 19. Februar, dann ass de Congé vun der Stromburg fäerdeg, duerno gëtt um neie Konzept vum 61 Joer ale Kach zesumme mat senger Fra Silvia Lafer-Buchholz geschafft. Et wäert a Richtung privat a geschäftlech Evenementer goen, also nees zeréck zu de kulinaresche Wuerzelen. Et ass eng Häerzensugeleeënheet, sech vun Zwäng ze befreien, deenen hie sech ënnerworf hat.

De Johann Lafer begrënnt seng Entscheedung ënner anerem mam stännegen Drock, fir engem Stärerestaurant gerecht ze ginn, wou alles bis an den Detail stëmme muss, en plus ass d’Ökobilanz vu Fruits de Mer alles anescht wéi akzeptabel. Méi no bei de Leit, méi traditionell awer nach ëmmer modern, dat ass déi nei Visioun vum Johann Lafer a senger Stromburg, déi iwwregens nëmmen zwou Stonnen hei vum Kierchbierg fort ass.

Back to Top
CIM LOGO