Fotoen a VideoDe Kleeschen ass zu Lëtzebuerg um Findel gelant

RTL Lëtzebuerg
Kleeserchersdag kënnt ëmmer méi no. Do dierf natierlech een net feelen... riets geet natierlech vum Kleeschen héchstperséinlech.
De Kleeschen an den Himmel siche goen
D’Kanner waren de Kleeschen nees an den Himmel siche... A si hu sech dofir vill méi ginn

Fir déi 13. Kéier gouf, zesumme mam Cactus, der Luxair an RTL ,ee ganze Fliger voll mat 92 Kanner an den Himmel geschéckt, op der Sich nom Kleeschen.

Duerch de Kanner hiren Äifer ass de Fliger no enger knapper Stonn, zesumme mam Kleeschen erëm um Findel gelant. Do huet zwar den Houseker gewaart, awer net fir d’Kanner ze bestrofen.

Well si dat esou gutt gemaach hunn op hirer Missioun am Himmel, gouf et eng Titche mat Séissegkeeten an e puer Iwwerraschunge vum Yuppi.

Back to Top
CIM LOGO