Mega-ShowDe leschte spektakulären Defilé vum Jean-Paul Gaultier zu Paräis

RTL Lëtzebuerg
De franséische Star-Designer Jean-Paul Gaultier huet mat enger spektakulärer Show den Haute-Couture-Defiléen an dem Catwalk Äddi gesot.
© AFP

Et war eng Show, déi een esou séier wuel net vergiesse wäert, wéi eng Aart Musical, ënnerdeelt a verschidden Akten. E Mëttwoch den Owend huet de Jean-Paul Gaultier, wéi annoncéiert, seng lescht Haute-Couture-Show gewisen a gouf duerno vu den 220 Models op de Schëllere gedroen.

Wäit iwwer 100 Looks aus senge beschten Entwërf vun de leschte 50 Joer konnt een deemno zu Paräis am Théâtre de Châtelet bewonneren, dorënner zum Beispill de legendäre blo-wäisse Matrouse-Look. Ënnert de villen Invitéë war natierlech ganz vill Prominenz erëmzefannen, ma och ganz vill vu senge Musë sinn nach eng leschte Kéier iwwer de Catwalk getrëppelt, ënner anerem d’Fanny Ardant, Estelle Lefébure, Rossy de Palma oder och nach d’Bella Hadid.

Ugefaang huet seng Karriär 1970 am Alter vun nëmmen 18 Joer als Assistent vum Designer Pierre Cardin. Fréier als “Enfant terrible” an der Moudewelt bekannt, hu sech d’Grenzen tëscht der männlecher an der weiblecher Moud a senge Kreatiounen an de leschte Joerzéngten ëmmer méi verwëscht. Seng Moud gouf méi provokativ.

Op Twitter hat de Star-Designer verlaude gelooss, dass seng Mark zwar weiderhi bestoe bleift, awer ënner engem anere Konzept. Onkloer bleift weiderhin d’Fro, wat lo kënnt an ob hie selwer nach fir seng Mark zoustänneg ass. Just esou vill gouf verroden: “Et wäert mat neien Aventure weidergoen, dat Bescht läit nach virun eis”.

Back to Top
CIM LOGO