Fréiere PDG vu RenaultDe Louis Schweitzer ass am Alter vun 83 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De fréieren Industriellen, héije Fonctionaire an engagéierten Déiereschützer wier en Donneschde verscheet, huet seng Famill matgedeelt.
© LIONEL BONAVENTURE / AFP

Hie war bis 1986 directeur de cabinet beim Premier Laurent Fabius zu Matignon an duerno 20 Joer laang bei Renault, 13 dovun als PDG (1992 bis 2005). Duerno gouf hien Éierepresident bei der Mark mat der Raut.

A seng Zäit bei Renault falen déi mësslonge Fusioun mat Volvo vun 1993, d’Privatisatioun vum Grupp 1996, ronn 3.000 Entloossungen zu Vilvorde 1997, d’Allianz mat Nissan 1999, d’Schléissung vum Renault-Wierk zu Billancourt, grad esou wéi d’Ausbreede vun der Mark op den osteuropäeschen, latäinamerikaneschen a asiatesche Mäert.

No sengem Depart bei Renault war de Louis Schweitzer aktiv bliwwen an der Ekonomie, ënnert anerem an de Verwaltungsréit vu Volvo, BNP, L’Oréal oder och nach Veolia Environnement. Hie war de klengen Neveu vum Nobelpräisgewënner Albert Schweitzer an de Cousin vum Jean-Paul Sartre.

2002 war hie fir schëlleg befonnt ginn, d’Telefonsiwwerwaachung vum Jean-Edern Hallier am Kader vun enger Sonnereenheet am Elysée-Palais duerchgeféiert ze hunn. Verdikt war eng Geldstrof.

De Louis Schweitzer huet sech donieft am Déiereschutz engagéiert a war nach bis an den Oktober de President vun der Fondation Droit Animal, Ethique et Sciences (LFDA). Ausserdeem war hien 2021 zum Interimspresident vun der Fondation nationale des sciences politiques (FNSP) a Vizepresident vum Institut hospitalo-universitaire (IHU) Méditerranée Infection zu Marseille.

Back to Top
CIM LOGO