
De 36 Joer ale Podolski gouf en Dënschdeg offiziell als éischten neie Jury-Member bei “Das Supertalent” confirméiert. Am Hierscht geet en also an enger aner Liga, do wou déi gréissten Talenter an Däitschland gesicht ginn.
De Poldi wier ee vun den erfollegräichste Futtball-Spiller a beléift bei Jonk an Al, sou den Direkter vun RTL Television a Vizedirekter bei TVNOW, Henning Tewes.
De Podolski ass begeeschtert vu sengem neien Job. Hien hätt d’Talent-Show ëmmer gär mat senger Famill gekuckt, elo wier hie selwer an der Jury. Hie wier gespaant op déi nei Erausfuerderunge bei sengem neie Veräin an dat a senger Heemechtsstad Köln.
Déi 15. Editioun vun “Das Supertalent” geet am Hierscht lass bei de Kolleege vum däitschen RTL. Egal op Gesangstalent, Akrobat, Komedien oder witzeg Tricke mat Déieren, alles ass erlaabt, et muss ee wéi den Numm et scho seet, dat néidegt Talent hunn.