Jonk a KreativDe Portrait vun zwou Lëtzebuerger Geschäftsfraen

RTL Lëtzebuerg
D’Lola Valerius an d’Fanny Bervard: Zwou Lëtzebuergerinnen, déi sech mat eegene Produiten an d’Selbstännegkeet lancéiert hunn.
De Portrait vun zwou Lëtzebuerger Geschäftsfraen
D’Lola Valerius an d’Fanny Bervard: Zwou Lëtzebuergerinnen, déi sech mat eegene Produite an d’Selbstännegkeet lancéiert hunn.

Wisou déi Decisioun? A wéi einfach oder schwéier ass dee Wee?

D’Lola Valerius wollt eigentlech Architektin ginn. Ganz séier huet et awer wärend sengem Studium gemierkt, datt dat net dat Richtegt fir et wier an huet dunn e komplett anere Wee ageschloen: dee vun der Patisserie oder fir méi präzis ze sinn, dee vum Maître Chocolatier. No enger 6-Méint laanger Ausbildung zu Paräis an enger Erfarung an enger renomméierter Patisserie am Taiwan ass d’Lola zréck zu Lëtzebuerg a wëll elo en eegene Business mat eegenem Produit lancéieren: faarweg Knippercher.

Fir d’Fanny Bervard war de Wee bei d’Moud eigentlech ëmmer kloer. Ma deen an d’Selbstännegkeet net onbedéngt. Vrun e wéineg méi ewéi engem Joer huet et awer du säin eegene Bijou-Label gegrënnt: “Romantico Romantico”. Wat ugefaangen huet mat enger Iddi, fir en eegent puer Ouerréng ze maachen, ass elo en eegene Business.

Déi zwou Lëtzebuergerinne stinn also fir Innovatioun a Kreativitéit.

Zwee Stéchwierder, op déi d’Lëtzebuerger Regierung an de leschte Joren ëmmer nees insistéiert huet, wann et ëm Nation Branding gaangen ass. Lëtzebuerg als Start up Natioun. E Grand-Duché, deen de Wee vun der Selbststännegkeet encouragéiert. Eng Taktik, déi opgeet, ëmmerhi si laut Eurostat ronn 10% vun de Lëtzebuerger Independanten, domat leie mer iwwert dem EU-Duerchschnëtt. Ma et ass keen einfache Wee - scho viru Corona-Zäiten net an elo sécher net méi.

Back to Top
CIM LOGO