
De Gewënner vun dësem Joer ass iwwert eng online Ëmfro vun der Verbraucherzenter Hamburg ermëttelt ginn. Méi wéi d’Halschent vun de bal 40.000 Leit, ganz genee 58,7%, déi bei der Ëmfro matgemaach hunn, hu fir d’Chipsletten vun der Mark Lorenz gestëmmt.
D’lescht Joer huet Lorenz den Inhalt vun hirer 170-Gramm-Chipsletten-Packung op 100 Gramm erofgesat - ouni awer de Präis ze änneren. Dat huet de Präis vun 100 Gramm faktesch ëm 70% erop gesat.
Am Ganze stoungen dem Verbraucher fënnef Produiten zur Wiel: Nieft den Chipsletten, waren dat och d’Smarties vun Nestlé, de Mini Babybel vun Bel, eng Dinde Salami vu Lidl an Äpppelkraut vun der Mark Grafschafter. Bei dëse fënnef Produiten ass et de Verbraucherzenter opgefall, datt d’Firmen hir Präiserhéijunge besonnesch “dreist a raffinéiert” duerchgesat hunn.