
Der brittescher Noriichtenagence PA no, war d’Aliwwerung an d’Klinik geplangt. Eng Ambulanz koum net an den Asaz.
De Prënz Philip hat sech zu Norfolk opgehalen, well déi kinneklech Famill d’Chrëschtdag traditionell op hirem Landsëtz Sandringham feiert.
Den 98 Joer ale Prënz Philip war an der Vergaangenheet aus Gesondheetsgrënn schonn e puer Mol an der Klinik. 2011 war him e Stent beim Häerz geluecht ginn. Am Juni 2017 war hie wéinst enger Infektioun behandelt ginn. Zwee Méint drop hat hie sech offiziell aus dem ëffentleche Liewen zeréckgezunn. Am Abrëll war dem Prënz Philip een neit Hëftgelenk agesat ginn.