“D’Gesiicht vun RTL": Do denkt Dir bestëmmt un ee vun de Presentateuren, déi hei all Owend virun der Kamera stinn, vläicht nach un eng vun eise bekannte Radio-Stëmmen. Mä RTL huet vill Gesiichter, och hannert de Kulissen.
Den Eric Deboosere war esou eppes wéi d’Gesiicht vun RTL, och wann hien ni virun der Kamera ze gesi war. Mä hien huet laang Joren als Receptionist geschafft, um Ufank an der Villa Louvigny an duerno um Kierchbierg. D’lescht Woch ass hien a seng wuelverdéngte Pensioun gaangen. Mir hunn hien op senger leschter Schicht begleet. Hien erzielt eis, wéi eng Stare bei him passéiert sinn, a firwat RTL fir hien eng Familljegeschicht war. Seng leschten Invitéeën, déi hien an der RTL-Receptioun begréisse konnt, war iwweregens d’Anne Brasseur, déi aus eegener Erfarung weess, wéi gutt d’Pensioun doe kann.