Siegfried & RoyDe Roy Horn huet sech mam Coronavirus infizéiert

RTL Lëtzebuerg
De 75 Joer alen Entertainer Roy Horn, bekannt fir seng Tiger-Show zu Las Vegas zesumme mam Siegfried Fischbacher, huet sech mam Covid-19 infizéiert.

De Roy ass gesondheetlech ugeschloen zanter sengem Accident op der Bün virun e puer Joer. Nodeems hien am Oktober 2003 vun engem Tiger attackéiert gouf, ass hien deelweis op e Rollstull ugewisen.

De Management vun de Magier huet confirméiert, datt de Roy Horn positiv op de Virus getest gouf. Wéi et heescht, géif hie gutt op d’Traitementer reagéieren, weider wéilt een iwwer de Gesondheetszoustand awer net kommunizéieren. De Kënschtler-Duo wëll, dass hir Privatsphär respektéiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO