Evenementer deels bis Dezember annuléiertDe Secteur vum Événementiel muss kreativ ginn

Ben Andrews
Claudia Kollwelter
D’Event-Industrie war mat eng vun deenen éischten, déi direkt vun de Covid-19-Mesurë betraff war. Kreatiivt Ëmdenken an Direktive ginn elo gebraucht.
© Archiv

Impakt op Event-Industrie - Reportage vum Claudia Kollwelter

“De Secteur vum Événementiel kann déi aktuell Kris nëmme packen, wann d’Regierung konkret Direktive gëtt, duerch déi mir an eis Clientë gesinn, wéi mer erëm kënne plangen, zu wéi vill, a wou.” Dat seet d’Presidentin vun der Associatioun vun den Agences de conseil en marketing et communication, kuerz MarkCom, d’Laure Elsen, am RTL Interview. Fir de Pit Maas vun der Agence “Lemon Event Support” ass Kreativitéit gefuerdert.

De Secteur misst ëmdenken, seet de Pit Maas, well d’Demandë vun de Clienten ännere wäerten. Hie nennt d’Personalfeiere vum Enn vum Joer als Beispill:

Wie wëll dëst Joer am Dezember, souguer wann en dierf, seng Leit zu 1.000 an eng Hal stieche mat enger Ventilatioun? Déi Demande wäert vläicht ewech falen oder zum Deel. Mä d’Demande vum Client, fir sengen Employéeë kënne Merci ze soen um Enn vum Joer, déi ass awer nach ëmmer do.”

Et misst ee sech a sou Fäll nei erfannen an de Clienten eppes Neies ubidden. Och wann et de Moment net vill Opträg ginn, verschidde Clientë souguer scho bis Enn dës Joers geplangten Evenementer ofgesot hunn, wier et awer eng stresseg Zäit fir d’Ekipp vum Pit Maas, déi alleguer am Chômage partiel sinn: “Mir kënnen natierlech elo net just doheem sëtzen an hoffen, datt de Reen aus der Staats-Géisskan fält. Mir musse wibbelen, mir musse kucken z’innovéieren. Wéi kënne mer Eppes maachen. Kënne mer vläicht en Event vun 200 Leit op 2 mol 100 Leit opdeelen? Kënne mer vläicht Eventer kreéieren op Manéieren, un déi mer bis ewell net geduecht hunn, well et keng Necessitéit gouf.”

Et wieren awer net mol onbedéngt d’Annulatiounen zanter Mäerz, déi dem Pit Maas Suerge géif maachen, vill méi d’Ongewëssheet a vill oppe Froen: Wat geschitt no dem Etat de crise? Wat geschitt, wann et eigentlech erëm uleeft, mä vill Clienten esou vill Sue verluer hunn, datt no der Crise sanitaire sécher d’Crise économique kënnt a wéi geet et da virun? Ech mengen et muss ee sech domat auserneesetzen, datt de Business, sou wéi een en am Februar nach gemaach huet, nächst Joer am Februar net wäert ginn, wann en iwwerhaapt tel quel eng Kéier erëm kënnt. Sou datt ee sech konstant muss nei erfannen an adaptéieren.”Fir datt de Secteur d’Kris iwwerstoe kéint, wier et der Presidentin vum MarkCom Laure Elsen no wichteg, datt ee wéi am Ausland kloer Message kritt, wéi et weider geet: “Wat mir méi laang am Flou sinn, wat d’Leit méi veronséchert sinn a sech net wëllen engagéieren, wat si elo am Hierscht oder Dezember wëlle plangen.”

Den Event wier awer e Secteur, dee wäit iwwert d’Spaassgesellschaft eraus géing goen: “Dat sinn och vill international Kongresser, wichteg professionell Formatiounen, grouss kulturell a sportlech Evenementer, déi wichteg fir d’Land an d’Ekonomie sinn.”

Hire Secteur wier warscheinlech deen, deen als leschten erëm normal funktionéiere wäert, betount de Pit Maas. An dat misst och d’Politik sech bewosst sinn, well soss vill Societéiten an Employéeë riskéiere géifen, op der Streck ze bleiwen.

null
D’Event-Industrie war mat eng vun deenen éischten, déi direkt vun de Covid-19-Mesurë betraff war.

Back to Top
CIM LOGO