Antëscht hu sech e puer Dausend Miniatur-Formel1-Autoen an och aner Gefierer ugesammelt. Net nëmme wärend senger Kandheet, mä och haut nach huet hien eng Leidenschaft fir den Automotosport an ass bei Rennen dacks live mat dobäi.
Schonn als Kand war hie faszinéiert vun der Vitess an och un den Autoen, déi séier ënnerwee waren. Säin Idol war de Jochen Rindt, deen de Serge als klenge Jong, vum Accident an dem Doud vum Pilot, markéiert huet.
Säin Interessi un der Formel1 huet sech domat esouguer nach vergréissert. Wann d’Zäit him et erlaabt, reest de Serge praktesch op all Course. Et ass d’Passioun an d’Léift zum Detail, déi zielt , an esou waart hie just nach op Victoiren, fir da seng Sammlung nees ze vergréisseren.