Op sengem Wee zu sech selwer trëfft hien d’Ayano Everling, déi déi Phas och kennt an eng Weltrees hannert sech huet. Béid ware se am Enseignement täteg, ma hunn do net hir Erfëllung fonnt.
Si stellen hiert Liewen op d’Kopp a verléiwe sech aneneen. D’Koppel dréint all Sécherheet de Réck a wot de Sprong an d’Selbststännegkeet mat zwee aussergewéinleche Beruffer, wat mat villen Existenzängscht verbonne war.
Wat sinn d’Hürde vun dëser neier Fräiheet? Wéi funktionéiert eng Partnerschaft, wa béid selbststänneg sinn? Wéi si si mat hiren Ängschten ëmgaangen? A si si elo glécklech? Alles dat gitt Dir am neien Episod vun “Neistart” gewuer.
Serie “Neistart": “Komm, mir kafen eis e Van!” - wann een aus dem Reese säi Beruff mécht