Fir déi, déi et awer guer net méi erwaarde konnten, endlech nees ze danzen, ze fEieren an e flotten Owend mat Musek a Frënn ze verbréngen, gouf et de Weekend déi éischten Auto-Disco zu Lëtzebuerg.
Méi genee zu Iechternach, direkt beim Séi. Do wou eigentlech en Auto-Kino ass, gouf de groussen Ecran fir een Owend opgebaut an a just engem Dag eng grouss Bün opgeriicht. Dat Ganzt gouf organiséiert vum Ciné Sura an der Eventfirma “Madness”.
Eng ronn 120 Leit hunn e Freideg bis Mëtternuecht mat 5 verschiddenen DJen am Auto-Club gefeiert. Et ass an der Diskussioun, dass et net de leschten Auto-Club wäert bléiwen.